arrow_back_ios
Kultur
Fangerofdréck zu Lissabon
"Investigação & Identidade" ass den Numm vun der Ausstellung vun der Sandrine Ronvaux, déi nach bis den 27. Oktober am Museu Nacional de História Natural e da Ciência zu Lissabon ze gesinn ass. Empreinten a Kierpersprooch sinn d'Basis vun der Sandrine Ronvaux hirer Aarbecht, déi hei gewise gëtt. Wat et awer genee op sech huet, wat ee mat Fangerofdréck maache kann, wat de Kierper verréit a wéi et zu dëser besonnescher Expo koum, huet d'Sandrine Ronvaux der Valerija Berdi erzielt.