Aktuelles
Nicolas BUCK (UEL) "Mir wëllen eis net méi virféiere loossen"
De Patronatsdaachverband UEL huet gëschter confirméiert, datt et an Zukunft zu Froe vum Aarbechtsrecht, nëmmen nach bilateral Verhandlunge vum Aarbechtsminister mat de Sozialpartner solle ginn a keng Verhandlungen zu dräi méi.
D'Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP haten dem Patronat d'lescht Woch e Boykott an eng "verantwortungslos an inacceptabel Attack op de Sozialdialog" virgehäit: dat nodeem den UEL-President Nicolas Buck de virleschte Mëttwoch am Comité permanent du travail et de l'emploi, déi gewënschten nei Aarbechtsmethode ugekënnegt hat.
Wourëm geet et dem Patronat? Dat huet de Verband UEL gëschter probéiert däitlech ze maachen. Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)