Panorama
Panorama
Déi Gréng proposéieren den Henry Kox als Logementsminister. Dat huet de Minister François Bausch géintiwwer RTL confirméiert. D'Parteibasis muss um Kongress d'nächst Woch awer nach gréng Luucht ginn.
Et kéint net sinn, datt an der Kierch och an Zukunft verschidde Poste just fir Männer reservéiert sinn. Dat seet de President vun der Commissioun "Justice et Paix" vum Bistum am 100,7 Interview.
D'Kontrollautoritéit vun der britescher Police soll Virwërf vun abus de pouvoir géint de Premier Boris Johnson préiwen.
D'Demokraten am US-Representantenhaus fuere mat hirer Enquête fir eng méiglech Amtsenthiewungs-Prozedur vum Donald Trump virun a maachen Drock op den Ausseministère.
An der Suite vum Feier an der Chemie-Fabrik Mëtt der Woch zu Rouen gouf d'Justizenquête op "mise en danger d'autrui" erweidert.