Panorama
Panorama
De Jacques Chirac ass dout. De fréiere franséische President gouf 86 Joer al. Fir den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker war et de Verloscht vun engem gudde Frënd.
CGFP, LCGB an OGBL annoncéieren eng Protestaktioun géint d'Patronat: Dat well d'Employeuren eng Tripartite refuséieren.
Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg hu Sécherheetslacunë bei de biometresche Päss festgestallt.
D'Europaparlament huet d'Kandidature vun den designéierten EU-Kommissären aus Rumänien an Ungarn wéinst Interessekonflikter virleefeg gestoppt.
Dat ëmstriddent Atomkraaftwierk zu Fessenheim am Elsass soll bis de Summer d'nächst Joer endgülteg vum Netz geholl ginn.