Kultur
Wierker aus der Gurlitt-Sammlung zu Jerusalem
Decouverte vun der Gurlitt-Konschtsammlung am Joer 2012 war ouni Zweiwel eng Sensatioun. An der Wunneng vum Cornelius Gurlitt, Fils vum Hildebrand Gurlitt engem national-sozilistesche Konschthändler goufe 1500 Konschtwierker fonnt, vun denen der vill vun de Nazien einfach geklaut goufen. D'Gurlitt-Sammlung huet och eng gréisser Diskussioun an Opmierksamkeet un der sougenannter "NS-Raubkunst" ausgeléist. Op der Sich no der vun de Nazien geklauter Konscht huet Israel ëmmer eng aktiv Roll gespillt. Zanter dëser Woch ass dann och zu Jerusalem eng Expo am deem Kontext ze gesinn.