Kultur
"Richtegen" Theater an der Chamber
E Samschdeg gëtt Theater an der Chamber gespillt. Den Théâtre National a Zesummenarbecht mat der Chambre des Députés an dem nationale Geschichts- a Konschtmusée hu fir e Samschdeg en Theaterstéck realiséiert an deem d'Aféiere vum allgemengen Wahlrecht thematiséiert gëtt. 1919 gouf dat allegemengt Wahlrecht gestëmmt, an de Frank Hoffmann huet iwwert dee groussen historeschen a demokratesche Schratt ee Collage mat Originaltexter aus der Zäit zesummengesat, déi 7 Schauspiller am Chamberplenum zu beschte ginn. A fir dësen aussergewéinlechen an ongewéinleche Theaterament mécht Chamber e Samschdeg hir Dieren grouss op. Gespill gëtt Moies um 11 Auer, an dann Mëttes um 2 an 4. Den Entrée ass Gratis an den éischten ass vir.