Invité:e vum Dag
Alex Bodry a Claude Wiseler
100 Joer sinn et dëser Deeg hier, datt dat allgemengt Wahlrecht hei am Land agefouert gouf. Am nationale Geschichts- a Konscht-Musée um Fëschmaart ass den Owend de Vernissage vun der Expositioun "#wielewatmirsinn". Erënnert gëtt un den 100. Anniversaire vun engem "decisiven demokratesche Fortschrëtt".
Och mir schwätzen de Moien iwwert d'Thema Wahlrecht.
Vun eise Gäscht Alex Bodry (LSAP) a Claude Wiseler (CSV) wëlle mir gewuer gi, wéi eng Changementer um Wahlgesetz néideg sinn, fir e méi modernt Wahlrecht.
Duerch d'Gespréich féieren de Simon Larosche an de Serge Kesseler.