Lëtzebuerg kritt en néngten LTIO, en Handels an Investitiouns-Büro am Ausland an zwar zu Casablanca: dat huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider gëscht ugekënnegt. Et ginn där Büroe schonn an den USA, a verschiddenen asiatesche Länner, an Israel an an den arabeschen Emirater. Hir Aufgab ass et, Lëtzebuerger Betriber ze begleeden, déi hir Aktivitéiten am Ausland entwéckele wëllen. Dass elo och esou e Büro am Marokko opgemaach gëtt, ënnersträicht den Interessi vu Lëtzebuerg un deem nordafrikanesche Land, deen sech op der Wirtschaftsmissioun gewisen hat, déi gëscht op en Enn gaangen ass.
arrow_back_ios
Aktuelles
Wirtschaftsmissioun am Marokko
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
