Kultur
Nei Lännereditioun vun der Literaturzäitschrëft PODIUM
Den éisträicheschem Literaturkrees Podium huet sech bei der neier Lännereditioun vun hirer Literaturzeitung, Lëtzebuerg als Land erausgesicht. Bei dëser Oplag geet et em d'Literaturzeen zu Lëtzebuerg mat Texter vu Lëtzebuergeschen Schrëftsteller an Schrëftstellerinnen. Mat der Kooperatioun vum Literaturwëssenschaftler, Kritiker an Auteur Ian de Toffoli, der éisträichescher Schrëftstellerin Barbara Neuwirth an der Elisabeth Kleinl, goufen literaresch Wierker aus Lëtzebuerg ausgewielt fir e Bild vun der lëtzebuergescher Literaturzeen ze schafen.