Aktuelles
Xavier Bettel am Interview nom Klima-Sommet zu New York
Nom Klima-Sommet zu New York virun der UNO-Generalversammlung gouf et Kritik un de versammelte Staats-a Regierungscheffen. Klima-Experte soen hier Versprieche ginn net duer fir d'Erwiermung vum Planéit an de Klimawandel ze stoppen. 77 vun 193 Länner soen si wëllen am Joer 2050 klimaneutral si mee dat geet net duer. Dat ass och d'Meenung vun der jonker Aktivistin Greta Thunberg déi sot si fillt sech verroden.
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet och um Sommet matgemaach an huet do iwwert den ëffentlech Transport zu Lëtzebuerg geschwat dee geschwënn wäert gratis sinn. Och huet hie versprach d'Lëtzebuerger Kontributioun fir aarm Länner am Green Climate Fund ze vergréisseren.
Zu New York huet eise Korrespondent Philip Crowther sech mam Xavier Bettel getraff, kuerz no den Uriede vun de Presidente Jair Bolsonaro vu Brasilien an Donald Trump vun den USA.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)