Kultur
"Within" op den "Journées du patrimoine"
Enn September sinn traditionell d'"Journées européennes du patrimoine", och zu Lëtzebuerg. Trëppeltier duerch d'Natur, Visiten duerch -a laanscht- interessant Gebailechkeete sollen dofir suergen, datt de breede Public de lëtzebuerger Patrimoine besser kenne léiert. Tëscht dem Lëtzebuerg City Museum an dem Helleggeescht-Plateau gëtt de Weekend vum 28. an 29. September zum Beispill den 1. "Urban History Festival" lancéiert. Mat dobäi: d'Vanessa Bouffone, déi iwwert der Mesa Verde an hire Schreifatelier invitéiert. D'Kerstin Thalau mat Explicatiounen.