Panorama
Panorama
Am Kader vun den Negociatioune fir en neie Brexit-Accord kënnt de britesche Premier Boris Johnson e Méindeg op Lëtzebuerg. Et sinn Treffe mam Xavier Bettel a mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker geplangt.
Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt d'Schüler an deene Beräicher fërderen, déi net vu Maschinne kënnen iwwerholl ginn, ouni dobäi awer hir digital Kompetenzen ze vernoléissegen.
E geplangten Akaf- a Fräizäitzenter mat Hotel suergt fir Diskussiounen zu Jonglënster.
Alles an allem 36.800 Euro d'Joer spuert de Staat duerch Ewechhuele vun de Stroosseluuchten op verschidden Autobunnsstrecken. Dat ass manner wéi viru fënnef Joer ugeholl.
Arcelor-Mittal confirméiert, datt am Kader vum Projet Score fir d'Kompetitivitéit vun de Sitte Belval an Déifferdeng ze verbesseren 216 Plazen sollen ofgebaut ginn.
Nom Stauséi an dem Séi zu Wäisswampech goufen elo och Bloalgen an de Baggerweieren zu Rëmerschen fonnt. Bis op Weideres sinn all Aktivitéiten an an um Waasser verbueden.
Den Eurogrupp wëllt an Zukunft méi transparent schaffen. Dat sot den Eurogruppechef Mario Centeno haut, no enger informeller Renconter vun den Euro-Finanzministeren haut zu Helsinki.
Am Tennis war et haut schonn déi drëtt Néierlag fir d'Lëtzebuerger am Davis-Cup zu Athen. D'Equipe vun der FLT probéiert muer den Ofstig an d'Europazon IV ze verhënneren.