Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The River Is Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Opeth - Martin Axenrot

Opeth - Martin Axenrot

De 27 .September kënnt den neien Opeth Album "In Cauda Venenum" eraus. Am Interview um Wacken huet den Drummer Martin Axenrot dem David Wagner verroden, wéi hien dësen Album erlieft huet, wéi hien e vum Frontmann presentéiert krut, wat fir hien d'Haaptënnerscheeder am Songwriting tëschent Opeth a Bloodbath sinn, a wéini een eigentlech neit Material vu sengem Projet mat senger Fra a mam Opeth Bassist Martin Mendez erwaarde kann.

De 27. September kënnt den Album eraus, am November sinn Opeth dann och nees op Tour an e puer Concerte sinn net all ze wäit vu Lëtzebuerg ewech, ënner anerem spille si de 6. November am AB zu Bréissel, den 13. November zu Köln am E-Werk an de 14. November am Kulturhof Schlachthaus zu Wiesbaden.

Playlist:


Motörhead - Bomber
Airbourne - Boneshaker
Monolord - The Last Leaf
Coffins - Forgotten Cemetery
Opeth - Hjärtat Vet Vad Handen Gör
Opeth - Svekets Prins
Tool - Pneuma

Musek

Episoden