Invité:e vum Dag
Romain Wolff
Déi ugekënnegt Steierreform gëtt an den nächste Méint ee vun de groussen innepolitesche Sujeten: et muss ee kee Prophéit sinn, fir dat virauszegesinn. D'CGFP wëllt absolut sécher stellen, datt hir Stëmm vun Ufank un an där Diskussioun gehéiert gëtt. Dofir huet si eng Entrevue beim Finanzminister ugefrot, fir him hir Virstellungen duerzestellen nach éier d'Aarbechten un der Reform richteg ulafen. Wat erwaart Staatsbeamtegewerkschaft da vun der Reform? Doriwwer ënnerhält de Maurice Molitor sech mat hirem President.