arrow_back_ios
Kultur
TNL, d'Saison vun der Erneierung
"Le Théâtre ou la Prison libérée" oder "Theater, das entfesselte Theater" ass de roude Fuedem duerch d'Saison 2019-2020 vum Théâtre National, déi gëschter presentéiert gouf. Et geet ëm Prisongen déi verschwannen awer och ëm Prisongen déi mer eis selwer ronderëm bauen. Op alle Fall erwaart eis eng Saison mat ville neien Aspekter, dorënner, 9 Kreatiounen déi den TNL proposéiert, an den Auteur en Résidence 2019-2020 ass den Auteur a Museker Michel Clees.