Invité:e vum Dag
Invité vum Dag: Nicolas Schmit
Den Nicolas Schmit soll EU-Kommissär fir "jobs", fir d'Aarbecht ginn. Den aktuellen Europadeputéierten a fréieren Aarbechtsminister krut dee Poste gëschter vun der zukünfteger Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, proposéiert.
Domat geet ee laangjärege Wonsch vun him an Erfëllung. Mee nach ass déi nei Equipe net um Zil - si muss nach vum Europaparlament guttgeheescht ginn.
Wéi geet de Lëtzebuerger Kandidat dat un? A wéi gesäit hie sech an deem neien Team?
Dat froen mir den zukünftegen EU-Kommissär - hien ass zu Bréissel den Invité vum Danièle Weber am Studio vum Europaparlament.