D'Hmong sinn eng ethnesch Minoritéit, déi ënner anerem am Laos, engem vun de Kooperatiouns-Partnerlänner vu Lëtzebuerg, liewen. D'kommunistesch Regierung am Laos relokaliséiert dës vulnerabel Communautéit zum Deel aus hiren Heemechtsdierfer an de Bierger an aner Regiounen - mam Argument hir Liewens-Konditiounen ze verbesseren. Dës Decisioun bréngt allerdéngs Schwieregkeete mat sech - net just fir déi Betraffen, mee och fir d'Hëllefsorganisatiounen. D'Françoise Keller huet mat der Haapt-Responsabel vu Caritas Lëtzebuerg am Laos doriwwer geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
D'Hmong Minoritéit am Laos
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
