Musek am Gespréich
De Claude Lenners
Palestrina, Bach, Beethoven, Schumann, Debussy, Berg, mee och Jazz mam Grapelli an zäitgenëssesch Musek stinn um Programm vum Komponist a Pädagog Claude Lenners senger musikalescher Visittekaart. De Claude Lenners ass 1956 gebuer an huet ënner anerem zu Stroossbuerg seng musikalesch Studie gemaach. An de Joren 1989 bis 1991 konnt hien am Kader vum Prix de Rome zwee Joer an der Villa Medici residéieren, fir seng Kompositiounsaarbecht nach weiderzeverdéiwen. De Claude Lenners ass Enseignant am Stater Conservatoire an ass weider als Komponist aktiv.