Konferenzen
Forum Z - Visualising history
Fir d'Geschichtswëssenschaft wiisst d'Bedeitung ëmsou méi staark, jee méi historesch Informatiounen och als digital Date virleien. Technike fir ze visualiséieren, hëllefe fir grouss Quantitéiten un Informatiounen mateneen ze verbannen, fir dorausser neit Wëssen ze erschléissen.
An dësem internationale Forum Z goufen a véier Virträg Projete virgestallt, déi sech mat der Illustratioun vu geschichtleche Prozesser beschäftegen, wou d'Méiglechkeeten, mee och d'Grenze vun der Visualiséierung vun der Geschicht duergeluecht goufen.
1] "Wer erfindet das bessere Bild? Beispiele zur Bildfindung der Historienmalerei"
2] "A virtual guided tour through a WW1 site"
3] "1867 - Reliving history using VR and gaming platforms"
4] "Building a European Time Machine"
De Forum Z vum 15. Mee 2019, organiséiert vum C²DH, der digitaler-historescher Unitéit vun der Uni Lëtzebuerg a Partnerschaft mam radio 100,7 an dem 1535° Creative Hub Differdange, gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
- Informatiounsmaterial a Linken op: https://www.c2dh.uni.lu/forum-z/multiple-facets-visualising-history
- Pfaffenthal 1867 - Visite virtuelle (Lëtzebuerg City Museum): https://citymuseum.lu/news/pfaffenthal-1867-visite-virtuelle/
- Musekalesch Interludë vum C²DH-Fuerscher a Museker Douglas Lambert: https://duhglambert.bandcamp.com
Fotoen: © Université du Luxembourg / Montage: cL