Invité:e vum Dag
Gilles Vansteenkiste
D'Lëtzebuerger Sektioun vun Amnesty International hat ufanks des Joers intern Problemer. Den Direkter Stan Brabant ass entlooss ginn. Hien ass nach ëmmer nëmme just provisoresch ersat. Och um Presidenteposte gouf et e personelle Wiessel, mee deen hat statutaresch Grënn: no aacht Joer am Verwaltungsrot konnt dem President David Pereira säi Mandat net méi verlängert ginn. Zanter Abrëll steet de Gilles Vansteenkiste elo un der Spëtzt vun Amnesty Lëtzebuerg. Hie kommentéiert déi intern Schwieregkeeten a schwätzt iwwer allgemeng Mënscherechtsfroen.