arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: La vie scolaire
Kuerz virun der Rentrée ass am Kino d'Schoul schonn un: "La vie scolaire", e Film vum Grand Corps Malade a Mehdi Idir. D'Plaz ass eng Schoul zu Saint Denis, e Collège, deen net ouni Problemer ass. Déi jonk Samia fänkt als Conseillère principale d'éducation un, eng Erausfuerderung, déi déi jonk Fra mat vill Engagement unhëlt. E Film, deen eisen zwee Filmkritiker, dem Martine Reuter an dem Thierry Besseling, gutt gefall huet. Mir lauschteren en Extrait aus hirem Gespréich am Grousse Kino.