arrow_back_ios
Kultur
Do wou Konscht grouss geschriwwen gëtt ...
D'Uertschaft Weidingen an der Südeifel, ganz no bei der Béierstad Bitburg, dierft deene Mannste bekannt sinn. Dat klengt Duerf huet awer an Konschtkreesser e ganz exquisitte Klang. De Berliner Galerist Max Hetzler huet zu Weidingen viru Joren eng Konschtfondatioun gegrënnt an ass permanent am Gaang, déi auszebauen. Meeschtens ass hie fir seng Galerie an der ganzer Welt ënnerwee, mee wann et Summer ass, dann ass hien zu Weidingen. D'SWR2- Journalistin Marion Barzen ass him begéint.