arrow_back_ios
Album vun der Woch
Whitney - Forever Turned Around
Subtilitéit a Séisst stécht a hire Fangerspétzen. Déi zwee Käpp vu Whitney - den Julien Ehrlich an de Max Kakacek, sinn 2016 um amerikaneschen Indie Circuit opgedaucht. Mat engem immens geschmeidegen an onschëllege Pop-Soul Sound. Déi vill Concerten zanterhier, an déi ongewéinlech Existenz op Tournée, hunn déi zwee Nerds vu Chicago nach méi zesummegeschweesst. "Forever Turned Around" zelebréiert Frëndschaft an hire Facetten. An d'Stécker sinn nawell häerzlech produzéiert.
Musek
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)