arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Manou Goergen
D'Qualifikatioun fir d'Gruppephas vun der Europa League, déi den F91 Diddeleng d'lescht Woch en Donneschdeg fir d'zweet Saison noenee gepackt huet, ass fir d'éischt emol en Exploit. Et ass - no vir gekuckt - awer och eng riseg Erausfuerderung, net nëmme sportlech, mee och organisatoresch a logistesch. De Maurice Molitor ënnerhält sech mat deem Mann, deen am Verwaltungsrot vum F91 dofir zoustänneg ass, datt deen zweete Volet klappt.