Kultur
Redu - Village du Livre
Alles hat viru 35 Joer ugefaangen: an de belschen Ardennen zu Redu gouf um Ouschterweekend een éischte grousse Maart fir rar an Occasiouns-Bicher vun e puer Frënn vum Buch organiséiert. A verloossene Ställ, a Scheieren, um Trëttoir an de Stroosse goufen d'Bicher ugebueden. Op Grond vum grousse Succès, 15.000 Visiteuren haten sech dee Weekend op Redu deplacéiert, war et kloer, hei sollt ee Bicherduerf entstoen.
Een éischt Bicherduerf war 1961 weltwäit entstanen, wéi de Walliser Richard Booth mat engem Container voll mat Bicher aus New York zeréck a säin Heemechtsduerf koum. An der klenger Uertschaft Hay-on-Wye hat hien een Antiquariat opgemaacht. Deemools hat d'Duerf net vill ze bidden a war wäit ewech vun allem. No an no sinn duerch dem Booth säin Engagement ëmmer méi Antiquariater do entstanen.
No dësem Modell hu sech weider Bicherdierfer an Europa a vereenzelt op anere Kontinenter niddergelooss. Esou och an der belscher Provënz Lëtzebuerg, zu Redu, eng ronn 100 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech.
De Carlo Link hat sech fir Nuit du Livre, déi all Joers um éischte Weekend am August ass, op Redu deplacéiert.
La Reduiste, Café littéraire © Carlo Link
Redu - Village du Livre: https://www.redu-villagedulivre.be/fr/