Panorama
Panorama
Delai fir Bénéficiaires effectifs an neiem Regëster unzegin ëm dräi Méint verlängert
Ronn 100.000 Leit kréien eng Pensioun vun der Lëtzebuerger Renten- a Versécherungskeess, dovun hunn eppes méi wéi een Drëttel 40 Joer oder méi laang kotiséiert
A Groussbritannien huet d'Cheffin vun de Konservativen a Schottland hir Demissioun annoncéiert, während de Widderstand klëmmt, géint d'Paus vum Parlament, déi de Premier Boris Johnson decidéiert huet
D'USA wëllen 8.600 Zaldoten am Afghanistan loossen, och no engem Friddensaccord, sou den Donald Trump
An der Ukrain gouf den Oleksiï Gontcharouk als neie Premier vum Parlament confirméiert
Fréier Nummer zwee vun der kolumbianescher Guerilla-Organisatioun FARC, den Ivan Marquez, wëllt nees mat Waffe géint déi kolumbianesch Regierung kämpfen
Belsch Dylan Teuns neie Leader no sechster Etapp vum Tour duerch Spuenien um Vëlo
Lëtzebuerger Cyclist Alex Kirsch verlängert Kontrakt bei Trek Segafredo ëm zwee Joer bis Enn 2021