arrow_back_ios
Kultur
Chantier Sprangkraut
Zanter dem 19. Joerhonnert huet sech d'Sprangkraut hei an Europa breet gemaach. Eng invasiv Planz, mat enger schéiner Bléi, déi sech gréisstendeels laanscht Flëss a Baachen usidelt. Den Natur- a Geopark Mëllerdall hat Enn Juli eng Botzaktioun lancéiert fir d'Sprangkraut ze bekämpfen. Op engem dompege Samschdeg Nomëtteg huet de Jamie Reinert sech mam Mikro Richtung Konsdrëfer Mille gemaach.