Invité:e vum Dag
Michel Deckenbrunnen
D'Resultat vum Referendum ass kloer: D'Leit zu Wäiswampech sinn an hirer Majoritéit géint de Fräizäitpark bei hirem Séi. Mee de Buergermeeschter wëllt de Projet trotzdem duerchzéien. Dat ass net illegal, well Referenden zu Lëtzebuerg just consultativ, also net bindend sinn. Mee politesch leeft et natierlech zimlech sécher op eng hefteg Kontrovers eraus, wann de Wëlle vum Wieler net respektéiert gëtt. De Michel Deckenbrunnen ass zwar Schäffen zu Wäiswampech, mee hie gehéiert zu der Oppositioun. An enger Majorzgemeng sinn esou Saache méiglech. De Maurice Molitor schwätzt mat him iwwer de Referendum a seng Konsequenzen.