Kultur
Brel revu
Et ass de véierfache Grammy-ausgezeechente Produzent Larry Klein, dee fir dësen Hommage un de Brel vill vu senge Kontakter aus der Musekszeen zesummekritt huet. Liicht jazzy ugehaucht kéint een als roude musikalesche Fuedem fir dësen Album huelen, deen net nëmmen den Titel vun engem Original Jacques Brel aus de Mëtt Siechzeger iwwerhëlt, mee och de Cover vum Album op eng originell Manéier nostellt.
"Ces gens-là" vereent um Label Decca Klassiker vum Brel: där ganz populärer wéi "Vesoul", "Quand on a que l'amour" oder "Ne me quitte pas" an dann där, déi een alt manner dacks héiert, den "Ivrogne", d''Chanson de Jacky" oder "Les Vieux" an anerer méi. De Larry Klein huet sech als Produzent bewosst zeréckgehalen a jiddwer Interpret a sengem eegenen, perséinleche Stil schaffe gelooss. Ob jiddweree fir den Exercice gëeegent ass ... déi Fro loosse mir mol am Raum stoen.
Mat dobäi sinn ë. a. Marianne Faithful, Zaz, Madeleine Peyroux, Melody Gardot, Carla Bruni, Thomas Dutronc, Michel Jonasz, Bernard Lavilliers, ...
De Fred Medernach huet an den Album eragelauschtert.