arrow_back_ios
Kultur
Wéi gesäit de Kino vun der Zukunft aus?
Hutt der Iech scho Gedanke gemaach wéi een a 40 oder 50 Joer an de Kino geet. Gëtt et nach ëmmer Popcorn? Sinn nach ëmmer reell Acteuren um groussen Ecran ze gesinn? Oder gläicht och dann de Kinosbesuuch nach deem vun haut? Wéi gesot en Dëppe Popcorn, e Film um groussformategen Ecran a fir d'Längt vum Film huet ee Rou a keen Handy am Grapp.