Kultur
Esch 2022 - weider Projete si wëllkomm
"Remix Culture" ass de Motto vun de Projeten, déi Bierger, Veräiner, Gemengen an Institutioune fir Esch 2022 kënnen areechen. Am Februar gouf dësen Appel à projets vun de Responsabele publizéiert. Am Fong geholl war d'Clôture den 31. Juli, mee elo huet d'Equipe ronderëm d'Directrice Générale vun Esch 2022 decidéiert, dësen Delai ze verlängeren. Wisou dat geschitt ass, wéi et weidergeet, huet d'Nancy Braun der Valerija Berdi verroden. En Extrait vum Gespréich, dat den 19. August kuerz no zéng Auer gesent gëtt, kann een awer elo scho lauschteren.