Panorama
Panorama
Zu Käerjeng hunn d'Baueren haut un d'Solidaritéit vun de Bierger appelléiert, fir dobäi ze hëllefen hir Wisen a Felder ze botzen. Do läit nach vill Knascht, deen duerch den Tornado vum 9. August dohinner geflu war.
Zu Genf fänkt haut déi 18. Weltkonferenz fir den Aarteschutz un.
Zu Hongkong sinn de ganze Weekend nees Demonstratioune geplangt, fir géint déi pro-chinesesch Regierung ze protestéieren.
Bei engem Feier an engem Hotel an der ukrainescher Hafestad Odessa, beim Schwaarze Mier, sinn aacht Mënschen ëm d'Liewe komm.
Den US-amerikaneschen Acteur Peter Fonda ass un de Suitte vu Longekriibs am Alter vun 79 Joer gestuerwen.
Den italienesche Vëlossportler Felice Gimondi ass dout. Hie war ee vun nëmme siwe Coureuren an der Geschicht vum Cyclissem, déi den Tour de France, de Giro an d'Vuelta gewonnen huet.