Panorama
Panorama
D'Präispolitik am Fleegesecteur soll méi transparent ginn. Och den Daachverband vun de Prestatairen an deem Secteur, d'COPAS, schwätzt sech dofir aus. Am Hierscht kéint en deementspriechenden Text ausgeschafft ginn, seet d'Familljeministesch Corinne Cahen.
D'Jeeërfederatioun kritiséiert déi nei Opdeelung vun de Juegdlousen. Wann dat geplangte Reglement, esou wéi et elo um Dësch läit, géif a Kraaft trieden, wier net ausgeschloss, datt verschidde Leit juristesch dogéint géife virgoen.
Zu Hongkong hunn haut nees nei Protester fir Fräiheet an Demokratie ugefaangen. Et gëtt gefaart, datt et nees zu Ausschreidunge kënnt.
Bei enger Loftattack op Logementer vu Flüchtlingen a Syrien koumen Aktivisten no op d'mannst 15 Mënschen ëm d'Liewen, dorënner och Kanner.
Den amerikanesche Schauspiller Peter Fonda ass dout. Hien ass un de Suitte vu Longekriibs am Alter vun 79 Joer gestuerwen.
Doud vum italieneschen Ausname-Vëlossportler Felice Gimondi am Alter vu 76 Joer.