arrow_back_ios
Kultur
Rebellion Festival Blackpool: Punk lieft
Zu Blackpool an England leeft zanter 23 Joer de Rebellion Festival. All Joer am August kommen d'Punks an d'Skins hei zesumme fir véier Deeg laang op Concerten ze goen. Véier Deeg Musek, 12 Stonnen de Dag, eng Erausfuerderung fir eng Zeen, déi an d'Jore komm ass. De Guy Helminger ass do och ronderëm gesprongen an huet eng Musekszeen erlieft, déi nawell al ginn ass, mee nach ëmmer Pogo danzt, wann déi grouss Idoler d'Bühn stiermen. Wien hätt geduecht, dat Punk esou harmonesch kann explodéieren.