Kultur
Woodstock-Festival, am August 1969 gouf Museksgeschicht geschriwwen
Déi puer Deeg vum 15. bis den 18. August 1969 hu Museksgeschicht geschriwwen, et waren d'Deeg vum legendäre Woodstock-Festival. 500.000 Mënschen hate sech op enger Wiss vun engem Bauerenhaff zu Bethel am US-Bundestaat New York getraff fir mat musikalesche Gréisste wéi Jimi Hendrix, Janis Joplin, Joe Cocker, The Gratefull Dead, Canned Heat oder The Who eng gelleg Houmass fir Léift a Fridden a mat deem wat dozou gehéiert huet, ze zelebréieren. Bis haut gëllt dës Marihuana-geluede Manifestatioun als Héichpunkt vum Hippie-Mouvement, den Ausdrock vum Liewensgefill vun enger ganzer Generatioun. Detailer Jean Claude Majerus.