Panorama
Panorama
12 min
Ronn 700 Leit koumen op d'Informatiouns-Versammlungen zu Péiteng a Käerjeng fir Leit, déi beim Tornado zu Schued koumen
Zu Hongkong sinn d'Protester um Fluchhafen elo verbuede ginn, d'USA soen, China wier am gaangen Truppen un der Grenz a Stellung ze bréngen
Zu Genua gëtt haut un déi 43 Doudesaffer geduecht, nodeems d'Morandi-Bréck viru genee engem Joer an de Koup gefall war
Den italienesche Senat huet d'Fuerderung vum Inneminister Matteo Salvini ofgeleent, fir séier e Mësstrauensvott géint de Premier kënnen ofzehalen
Déi schwedesch Klima-Aktivistin Greta Thunberg soll haut mat engem Seegelschëff aus Groussbritannien iwwer den Atlantik op New York an d'USA fortfueren
De weltbekannten Tenor-Sänger Placido Domingo gëtt vun e puer Frae beschëllegt, hien hätt si sexuell belästegt
Am Fussball steet den F91 Diddeleng wéi erwaart an der nächster Qualifikatiounsronn fir d'Europa League