Kultur
How to do Nothing
7 min
"How to do nothing - Resisting the Attention Economy" vun der amerikanescher Kënschtlerin an Autorin Jenny Odell weist dem Lecteur duerch Natur a Konscht nei Aart a Weisen op, der Welt ze begéinen. Si stellt Opmierksamkeet an Zäit als eis wäertvollste Ressourcen an de Mëttelpunkt, an enger Zäit an där sozial Medien eis mat Honnerten Oflenkunge bombardéieren an als Deel vun enger Gesellschaft, déi de Wäert vum Mënsch u senger Produktivitéit moosst. Dobäi ass d'Buch weder en Anti-Technologie-Manifest nach eng simplistescht Digital-Detox-Uleedung, mee vill méi eng Opfuerderung, sech senger physescher Gemeinschaft a sengem Ëmfeld nees méi zouzewennen. D'Sarah Pepin huet sech mat der Jenny Odell ënnerhalen.