Kultur
Op de Spure vum Superjhemp - Deel 4
6 min
Bis den 29. November ass am Mierscher Literaturzentrum eng grouss Ausstellung iwwer d'BD "Superjhemp" ze gesinn. Mee et ass net just den Nationalheld, deen am Fokus vun dëser Expo steet, mee och d'Geschicht vun der BD zu Lëtzebuerg, d'Zesummenaarbecht vum Zeenarist Lucien Czuga a vum Zeechner Roger Leiner, d'Entwécklung an d'Charakteristike vun den eenzele Figure beim Superjhemp a villes méi. Fënnef Säll - fënnef Themen - d'Valerija Berdi presentéiert an enger Serie all eenzele Sall. Kommt mat op eng radiophonesch Visite vun der Ausstellung "De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck".
Am véierte Sall vun der Expo kucke mir eis d'Entwécklung vun de Superjhemp-Geschichten un.