arrow_back_ios
Kultur
50.000 amerikanesch Zaldoten zu Lëtzebuerg
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
"Doughboys zu Lëtzebuerg. The First American Liberation 1918" ass den Titel vun enger Ausstellung am Militärmusée zu Dikrech. Eng Ausstellung an där d'Libératioun vu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich duerch amerikanesch Zaldoten thematiséiert gëtt. E Volet Lëtzebuerger Geschicht, deen awer éischter an de Vergiess geroden ass, an awer ass et d'Realitéit, datt net nëmmen am Zweete Krich d'Amerikaner eist Land liberéiert hunn, mee och am Éischte Weltkrich. Detailer mam Jean Claude Majerus.