Konferenzen
Luxembourg Art Week 2018
"Le musée à l'époque contemporaine" war déi lescht Konferenz am Kader vun der Luxembourg Art Week 2018 vum 11. November 2018 iwwerschriwwen, mat der Suzanne Cotter, Directrice vum Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Directrice vum Centre Pompidou-Metz.
Zesummen diskutéiere si iwwer d'Roll vum Musée haut a skizzéieren d'Erausfuerderungen an d'Opportunitéiten, déi si an den nächste Joren erwaarde wäerten.
Moderatioun: Christian Mosar, Montage: Carlo Link.
Emma Lavigne, Directrice Centre Pompidou-Metz - Christian Mosar, radio 100,7 - Suzanne Cotter, Directrice Mudam Luxembourg (© Luxembourg Art Week 2018)