Kultur
Eng däischter Ikon vun der Pop-Kultur
6 min
De Numm Charles Manson ass bis haut ee vu villen Synonymer vun der däischterer Säit vun den USA. Et si 50 Joer hier, datt de Psychopath a selwer-ernannte Sekteleader Charles Manson de Membere vu senger sougenannter Manson-Family den Uerder ginn huet, Mënschen op eng bestialesch Manéier dout ze maachen. Dëse Charles Manson ass zum Doud condamnéiert ginn, well d'Doudestrof a Kalifornien awer ofgeschaaft gouf, krut hie liewenslänglech am Prisong. Mee de Charles Manson war keen einfache Prisonéier, esou schlëmm et och ass, de Charles Manson gouf zu enger däischterer Ikon vun der Popkultur. Den 19. November 2014 ass de Manson, en extrem psychesch-gestéierten Mënsch a Mënschenhaasser, am Alter vun 83 Joer gestuerwen. Detailer mam Jean Claude Majerus.