No zwou déidleche Masse-Schéissereie leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. 30 Leit goufen an deene Stied an zwee Massaker erschoss. An der Grenzstad El Paso, am Texas, ass de verdächtegen Amokleefer e Rietsextremist. Vill Demokraten a vill Leit an der traumatiséierter Stad gesinn den Donald Trump als Matschëllegen un. D'Manifestante kruten de President awer net ze gesinn. Eise Korrespondent Philip Crowther mam Resumé vum Dag.
arrow_back_ios
Aktuelles
Den Donald Trump besicht El Paso
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
