Kultur
De Weltkrich 1914-1918: Déi vergiesse Liberatioun
9 min
Am Juni waren an England grad wéi a Frankräich gréisser Commemoratiounsfeiere fir de sougenannten D-Day, den Debarquement vun den alliéierten Truppen de 6. Juni 1944 an der Normandie. D'Nazi-Diktatur war um Enn an déi alliéiert Truppen hunn Europa liberéiert. An och zu Lëtzebuerg gëtt ganz dacks un den Amarsch vun den amerikanesche Truppe geduecht, déi eis Land befreit hunn. Mee och um Enn vum Éischte Weltkrich koume amerikanesch Truppen op Lëtzebuerg, déi dunn d'däitsch Arméi aus dem Land gedriwwen hunn a Lëtzebuerg seng Fräiheet erëm krut. Vun der Liberatioun vun 1918 gëtt awer vill manner geschwat. Ass se souguer vläicht vergiess? Fir un dëst Evenement ze erënneren ass am Militärmusée zu Dikrech eng ganz intressant Ausstellung mam Titel "Doughboys zu Lëtzebuerg. The First American Liberation 1918" ze gesinn. Detailer mam Jean Claude Majerus.