Kultur
Eng staark Stëmm fir déi schwaarzamerikanesch Populatioun ass net méi
5 min
D'Toni Morrison huet 1993 als éischt schwaarz Fra de Literaturnobelpräis kritt. Eng wichteg Decisioun vun der schwedescher Akademie, fir all déi wäiss Männer op d'Plaz ze setzen, déi si an der amerikanescher Literaturzeen als Black Mama, Quotefra a mëttelméisseg Schrëftstellerin bezeechent hunn. Elo ass d'Toni Morrison am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Hir Literatur ass awer weider e wichtegen Deel vum Asaz fir d'Rechter vun den Afroamerikanerinnen an Afroamerikaner. D'Valerija Berdi iwwer d'Toni Morrison.