Kultur
Bonga - live an der Philharmonie
De Bonga Kuende - op der Bühn entfält de Familljennumm - kritt am September 77 Joer. Säin éischten Album huet hien 1972 an Europa produzéiert, well doheem an Angola war hie wéinst senge kriteschen Texter net wëllkomm. Och no der Onofhängegkeet vu sengem Heemechtsland Mëtt de Siwwenzeger huet hien de Fanger an d'Wonn geluecht fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen, dobäi awer ëmmer e gewaltfräie Widderstand gepriedegt.
An der Philharmonie ass hien an enger Quintett-Formatioun ze erliewen, am Bagage iwwer 30 Albumen, natierlech och dee rezenten "Recuerdos de Fora" (Erënnerunge vun Dobaussen) - Erlieftes aus senger laanger Zäit am Museksgeschäft. De Fred Medernach stellt de Museker vir.