Zäithistoriker
Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich
An enger Zäit, an där eng Rei rietsgeriichte Regierungen an Europa beschloss hunn déi gesetzlech fixéiert Aarbechtszäit nom Prinzip vun der Flexibiliséierung nei auszeriichten; an enger Zäit, an där verschiddentlech Patronatsvertrieder mat der Iddi kommen, déi legal Aarbechtszäit nees ze erhéijen; an enger Zäit, an där d'Numeriséierung an d'Robotiséierung riskéieren zu massivem Aarbechtsplazofbau ze féieren, ass et net oninteressant e Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze riichten, an an deem Kontext virop op d'Bedeitung vun der Aféierung vum Aachtstonnendag, de 14. Dezember 1918, deemno virun honnert Joer. Den Zäithistoriker Jacques Maas.
Episoden
Wait and see
Den 10. Mee 1941 hunn d'Nazien deen éischte Gebuertsdag vun der Invasioun vu Lëtzebuerg gefeiert.
![De Mäerzstreik vun 1921 tëschent Mythos an Utopie](/legacy/images/20453/image-thumb__20453__base_thumbnail/Denis%20Scuto.7615c14c.jpg)