Konferenzen
Luxembourg Art Week 2018
"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", war d'Konferenz vum 10. November iwwerschriwwen.
1998 hat Lëtzebuerg d'Manifesta 2, déi nach ganz jonk europäesch Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht, opgeholl. Mat der Manifesta koum Lëtzebuerg op d'Weltkaart vun der moderner Konscht, verschidde lokal Kënschtler konnte sech international bekannt maachen. Duerch eng Kombinatioun vu glécklechen Ëmstänn konnt 1996 de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain kreéiert ginn an 1995 war de Succès vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis op der Biennale zu Venedeg. Allgemeng d'Begeeschterung koum op, wéi Lëtzebuerg 1995 Capitale Européenne de la Culture gouf, an net ze vergiessen 1995, wéi d'Parlament gréng Luucht ginn hat fir d'Kreatioun vun engem Musée mat moderner Konscht, de spéidere Mudam Luxembourg.
De Conferencier Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker, kuckt an dëser Konferenz zeréck op d'Phas vun der kënschtlerescher Entwécklung an hirer Ierfschaft zu Lëtzebuerg, mee och op hir Erausfuerderungen a Limitten.
Moderatioun: Christian Mosar, Montage: Carlo Link.
Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker (Archivfoto: radio 100,7)
Extrait Katalog "Manifesta2" Luxembourg, 1998 © Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain
Gëlle Fra, Monument du souvenir a "Lady Rosa of Luxembourg" (Sanja Ivekovic) 2001, Foto: © Christian Mosar