arrow_back_ios
Kultur
"Vill schwaarz Kanner ginn duerch d'Hip Hop-Kultur ausgebremst"
Am Liewe koum hien nëmme weider, well hie sech vun den toxesche Wäerter vum Hip Hop lassgeléist an op d'Studie gesat huet, seet den afroamerikaneschen Auteur Thomas C. Williams. Säi Buch "Losing my cool. Love, literature and a black man's escape from the crowd" gouf elo no néng Joer op Franséisch iwwersat: "Une Soudaine liberté. Identités noires et cultures urbaines" (Grasset).
De Michel Delage hat am Juni zu Saint-Malo um Festival Étonnants voyageurs mam Thomas C. Williams geschwat.