Zu Detroit, am US-Staat Michigan, hunn hënt zéng demokratesch Kandidaten debattéiert. Si wëllen all d'nächst Joer géint den Donald Trump an de Presidentschaftswahle gewannen. Et gëtt esou vill Kandidaten datt haut Donneschden eng weider zéng Fraen a Männer op der Bühn stinn. Gëschter stoungen d'Theme Krankeversécherung, Immigratioun a rezent rassistesch Aussoe vum US-President am Mëttelpunkt. An de Sondagen ass de fréiere Vize-President vir. Hanner him sinn den Ament d'Senateure Bernie Sanders an Elizabeth Warren. Andréck vum Philip Crowther.
arrow_back_ios
Aktuelles
Zéng Fraen a Männer op der Bühn
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
