arrow_back_ios
Album vun der Woch
Gena Rose Bruce - Can't Make You Love Me
D'Gena Rose Bruce séngt iwwer eng Bezéiung, déi an d'Bréch geet. Alt erëm eng Plack, déi vun Trauer a Roserei gefiddert gouf. An deem Sënn ass "Can't Make You Love Me" e klassescht katharescht Wierk. Wat déi Kéier erausstécht ass déi verwäsche Mëschung vun diversen Aflëss; Britpop à la Stone Roses, äerdege Rock'n'Roll, simpele Country. Den Jamie Reinert iwwer den Debut vun der Australierin Gena Rose Bruce.
Musek
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)